Gutt ze wëssen...

Aus de Programme vum Kabaret Sténkdéier vun 2001 bis 2005


Hei kënnt Dir d'Buch bestellen...

 

Programm 2005 – XXXL-eng Nummer ze grouss

 

Berlusconi

De Lëtzebuerger vum Joerhonnert

Den Norde verluer

Et war dach Gras driwwer gewues

Fifty/Fifty

Gescheet agesäckelt

Revirement um Haff

Russescht Roulette

Tabloid

Unipunktellu

 

Programm 2004 – Schéi gebiischt

 

Äschermëttwoch

Besser zwee Fester méi wéi eent manner

De Knéckjang

De Vull vum Joer

JCJ Fan-Club

Mir sinn awer gutt

Wie wëllt se? wien hëlt se?

 

Programm 2003 – Totalen Ausverkaf

 

Eng echt Lëtzebuerger Plo

Gruppentherapie

Joergäng 45 - 50

Moosst emol un!

Nach just eng Schlofdrëpp

Porte ouverte

Tous Salons

Um Wee no uewen

 

Programm 2002 – Äppel a Biren

 

Am Briddeler Bësch

Am Dingscht vun der Kroun

Botterfahrt op Stroossbuerg

Drénkgeld

Ein Schiff wird kommen

Lues iessen

Paschtéit, Fritten an Zalot

Requiem fir de Lëtzebuerger Béier

Un engem Strank

 

Programm 2001 – Hu mir dat néideg?

 

Am Congé

E Wippche vum Stippchen

Eist Truppentransportschëff

Euro

Liewesqualitéit

Minabelart

Ramona, Dakota, Vanessa

 

 

 

Spille mir nees den Hierscht?

 

Zum Gléck bitt de Lëtzebuerger Alldag genuch, wou een de Kapp driwwer rëselt, oder verwonnert iwwerleet, fir eng Logik dran erëmzefannen, oder och nëmmen einfach eppes, wou engem d'Schudderen de Réck erof lafen, fir och hautdësdaags nach ganz interessante Kabaret kënnen ze presentéieren. "Mer missten emol nees eng Kéier eppes schreiwen!" Mat dësem Saz wäert de Remy eis hoffentlech och an dienen nächste Joeren nees un d'Schaffe kréien.

 

Dës Wierder hat ech am Januar 2001 geschriwwen. Deemools hate  mir eis éischt Sammlung vu Kabaretstexter erausginn: „Modern Welt – Aus de Programme vum Kabaret Sténkdéier vun 1988 bis 2000“. A wéi et sech elo, am Summer 2006 erausstellt, sollt ech Recht behalen. Zanter 2001 hu mir et fäerdeg bruecht, nees all Joer, a schéiner Regelméissegkeet, fir de September e Programm an der Këscht, oder besser gesot, op der Festplack a kuerz drop op der Bühn ze hunn. Dorop si mir schonn e bësselchen houfreg...

 

Ech behaapten dat, well et all Joer déi selwecht Zeremoni ass. Virum September sinn d’Texter fäerdeg an ausgewielt, vum 15.9. un gëtt geprouft, mormalerweis ronn ee Mount, mat 4 Prouwen an der Woch, an och heiansdo alt méi, a vu Mëtt Oktober u sti mir dann op der Bühn. Dat zitt sech bis Enn November, an am Dezember ass da Paus.

 

Jo, an dien éischte Méindeg am Januar, sëtze mir dann do, den Tom, de Remy an ech, a maache laang Gesiichter. Mir si fest dervun iwwerzeegt, datt mir elo alles gesot hunn, datt et näischt méi gëtt, wat een nach opgräife kënnt, wat d’Leit interesséiere géif, a mir iwwerleeën eis, ob mir et net wéi de Cabarenert maachen, an nëmmen all zwee Joer en neie Programm schreiwe sollen.

 

E ganzen Owend diskutéiere mir, kucken al Programmer duerch, kropen Texter aus dem Tirang, déi de Wee bis dohinner nach net op d’Bühn fonnt hunn, fannen hei eppes an do eppes, kregéilen, jéimeren, a ... wëssen iewer ganz genee, datt mir et och dëst Joer nees probéieren.

 

Well op eemol ass se do, déi éischt Iddi, dat éischt Thema, dien éischte Gedanken. Et ass dacks eppes, wat an diene leschte Woche geschitt ass, eppes, wat mir, esoulaang wéi mir all déi Opreegung mat den Opféierungen haten, net konnten zu Pabeier bréngen, a wat sech elo op eemol aus den Hannerkäpp no vir gequëtscht huet.

 

A wann ech dann heem fueren, no diem éischten Owend am Januar, da steet mäi Laptop nieft mir um Sëtz, an dien éischten Text fir dat neit Joer ass geschriwwen. An da wësse mir allen dräi, datt et elo nach just eng Saach vun der Zäit ass, bis och déi nächst Texter derbäi kommen, an esou dien neie Programm lues a lues entsteet.

 

Iergend eng Kéier ass et dann August, a mir hunn esouvill Texter, datt mir net wëssen, wat mir mat hinnen all maache sollen. Am Ufank hu mir se all gespillt, do hunn eis Programmen alt dräi Stonne gedauert! Dat war ze laang, an dat krute mir vun eise Kritiker och klipp a kloer ënner d’Nues geriwwen: „24 Nummere bitt de Programm. Mécht 12 pro Deel. Een Deel zitt sech iwwer bal 70 Minutten, a genau dobäi si mer bei engem vun den Haaptproblemer vum Ensemble Sténkdéier. En ass ze laang!“, sot d‘Sophie Morhang 2001, an an diem selwechte Joer schreift de Jean-Pol Roden am Tageblatt: „ ...just déi nächste Kéier sollt dat Ganzt e bësse méi kuerz ginn, ...“

 

Mir hunn eis dat zu Häerz geholl, an esou loosse mir all Joer bal d’Halschent vun de fäerdegen Texter einfach ewech, an an dienen anere kierze mir zolitt. Dat fällt net ëmmer liicht, an do muss jidderee vun eis dräi och emol zerguttst zréckstoen. Mee wann een sech decidéiert, d’Schreiwen als Zesummenaarbecht unzegesinn, da muss een eben och kucken, beim Ewechloossen eens ze ginn.

 

An et ass nach net Abrëll, da freet schonn de Berti, oder d’Mich, oder de Pir: „A wéi ass et fir dëst Joer, spille mir nees den Hierscht?“ Mir dräi rieden dann ëm de Bräi, loossen eis d’Wierm aus der Nues zéien, wëllen ëm Gottes Wëllen net ze fréi Zousoe maachen, déi mir herno eventuell net kéinten anhalen... Mee mir sinn eis elo scho ganz sécher, datt mir och dëst Joer nees wäerte spillen, am Hierscht, wann Zäit vun den Hierken an den Träipen do ass, wann d’Kabaretssaison nees ufänkt.

 

An der Equipe huet sech zanter 2000 zum Gléck net vill geännert. Op der Bühn sti mam Michèle Turpel, Raymond „Berti“ Bertemes, Pierre Alzin an Tom Kraemer véier Leit, déi mëttlerweil esou gutt openeen agespillt sinn, an déi och esou genee wëssen, wat se maachen, datt et fir mech an de Prouwen eng Freed ass, fir mat hinnen ze schaffen, an datt et fir Iech, léif Frënn vum Kabaret Sténkdéier, grad esou eng Freed dierft sinn, hinnen nozekucken an nozelauschteren.

 

D’Irène Zeimes huet d’Programme vun 2001, „Hu mir dat néideg“ an 2002, „Äppel a Biren“ nach matgespillt, dono ass hatt an de Congé parental gaangen. Bei de Programmer vun 2003, „Totalen Ausverkaf“, 2004, „Schéi gebiischt“ an och 2005, „XXXL-Eng Nummer ze grouss“, hu mir missen ouni hatt auskommen. Wien d’Irène a seng Begeeschterung fir d’Bühn iewer kennt, die versteet och, firwat mir ni seriö no engem Ersatz fir hatt gesicht hunn. Mir waren eis alleguer sécher, datt hatt erëmkéim! An esou ass et dann elo: spéitstens bei eisem „Best of...“ am Fréijoer 2007 wäert hatt nees mat eis zesummen um Dill sinn. Mir freeën eis elo schonn drop, an iech wäert et och net anescht goen.

 

Dëse „Best of...“ spille mir ganz zu Miersch am Kulturhaus. Domadder hu mir eis eng zweet Méiglechkeet geschaaft, fir opzetrieden. Natierlech bleiwe mir diem beléifte Mierscher Literaturhaus, der Maison Servais, trei; eis regulär Programme wäerten och nach weiderhin bis zu 20mol am verwëllefte Keller opgefouert ginn. Zum Schluss gi mir dann iewer an die grousse Sall vum Kulturhaus. Eis als Amateuren, déi all mueres no der Opféierung nees mussen op der Schaff sinn, gëtt dat d’Méiglechkeet, de Programm eisem ganze Public ze presentéieren, an dofir iewer net musse véier Méint op de Brieder ze stoen oder duerch d’Land ze reesen. Do si mir éierlech mat iech ... an och mat eis: et feelt eis mëttlerweil un der néideger „Konditioun“ fir esou laang duerchzehalen, zemools, wa mir wëllen all Joer en neie Programm spillen.

 

An d’Chancen, fir datt eis dat och weiderhi geléngt, sinn zanter dem Summer 2006 nach geklommen: de Remy huet d’Pensioun kritt! A wat mengt Dir, wat die Mann schafft, elo wou en endlech déi néideg Zäit dofir huet! Mir kënnen also vill manner gestresst an nervös den Abrëll komme loossen, da wann den Telefon rabbelt, an de Berti freet: „... an, spille mir nees den Hierscht?“

 

Natierlech spille mir! Och dësen Hierscht gëtt et Hierken an Träipen, ... an also och en neie Programm vum Kabaret Sténkdéier.

 

Roland Meyer

am Juni 2006