Modern Welt

Aus de Programme vum

Kabaret Sténkdéier vun

1988 bis 2000

Tom Kraemer

Remy Kraus

Roland Meyer



Hei kënnt Dir d'Buch bestellen

Hei den Inhalt:


Programm 2000 - Flexibel:

Aus eisem Stall op Ären Dësch

Integratioun

Schnäppchen

Banana-Splitt

Retousch

D'Geiselen

Rythmen

Programm 1999 - Mythos Fräizäit

Den Abriecher

De Schied

Mir plangen d'Vakanz

Gudd Noperschaft

Must

Regeldetri

Op der Fouer

Den Aldi

Fräizäit-Song

Programm 1998 - Vernetzt

E bësse privatiséieren

Haustiere verboten

Cours de recyclage

D'blo Schossel

Emfro Ilres

Therapie fir e Kënschtler

Den Danzowend

Modern Welt

Virum Schiirm

Beim Hierzen Helène

Programm 1997 - Perpetuum mobile

Am Kachcours

Um Buffet

Centerpark

Idar-Oberstein

D'Krawatt

Um Camping

Den Handy

De Mippchen

Programm 1989-1990 - Surveillé par...

Disneyland Lachsembourg

Reflexiounen aus dem Secteur tertiaire

Jean-Marie Avenant

St. Tzekuritass

Neurotesch psychotesch a net kreativ




"Mer missten emol nees eng Kéier eppes schreiwen!"




Dës Wiirder vu méngem Kolleg Remy Kraus ware fir mech ëmmer e kloert Zeechen, datt et elo ging mam Raschten duergoen, an datt de Bläistëft nees misst gespëtzt ginn.

Wëllt een d'Geschicht vum Kabaret Sténkdéier verzielen, muss ee fir d'éischt díGeschicht vun der Frëndschaft tëscht dem Remy a mir verzielen. Mir kennen eis elo schonns zënter ronn 20 Joer. Ech war nach e klenge Schoulbouf, wéi de Remy mir vu séngen Artikelen a sénge Gedichter an den Zeitunge geschwat huet. Dat huet mech schonn deemools begeeschtert.

An esou ass et dann och komm, wéi et huet misse kommen: Eng Kéier, spéit owes beim Patt, esou wéi dat ëmmer a Lëtzebuerg geet, hu mir beschloss, Texter zesummen ze schreiwen. An et sollte Kabaretstexter sinn, dat stung vu virera fest!

Deemools hu mir nach allenzwee zu Miersch gewunnt, an esou louch et op der Hand, datt mir als weidere Matstreider de Schoulmeeschter Alain Adams gefrot hunn, dien och net wäit eweg gewunnt huet, an dien un esou Texter och interesséiert war.

Elo soutze mir zu dienen onméiglegsten Zäiten zesummen, fir ze schreiwen, an - fir ze laachen. Well mir hunn ëmmer méi gelaacht ewéi geschriwwen ; dacks hunn eis d'Pänz wéigedoen, esou hate mir gelaacht. Déi éischt Texter si fäerdeg ginn, esou och eise Klassiker "Pamela". Am Hierscht 1988 hat de Kabaret Sténkdéier du säin éischten Optrëtt, schonns ënnert séngem spéidere Numm, zu Useldeng am Kader vum Mouvement Ecologique's Fest, direkt nom Fabesch Théid sénger Ried.

Eise Grupp sollt ëmmer oppe bleiwen, et sollt jidderee kënne matschaffen a schreiwen, dien dee néidegen Asaatz ging matbréngen. Esou koum dann 1989 de Lorangs Pir derbäi, dien elo déi typesch Lëtzebuerger Carrière als ee beim "Wort" schreiwende Politiker mécht. Mat him zesummen hu mir eisen éischte komplette Programm "Mir stänkeren zréck" geschriwwen an och opgefouert. Deemools huet dat rengste Chaos op an hannert der Bühn geherrscht ; mee et huet de Leit gefall, a mir wollte weidermaachen, allerdings mat méi enger kloerer Linn an diem Ganzen.

Am Hierscht 1990 war de Programm "Surveillé par ..." du fäerdeg, an zesumme mam Anne Scheidweiler hunn de Remy an ech et alleng probéiert. Kee vun eis wäert jeemools dien Owend beim Foxe Fern um Lampertsbierg vergiessen, wou mir als Bühn just e Schloff an der Entrée haten. Hannert de Pannoe vun der Dekoratioun hu mir geschweesst wéi d'Biischtebënner, fir ëmmer nees prett fir déi nächst Szen ze sinn. Richteg houfreg ware mir, wéi mir konnten am Kapuzinertheater an der "Nuit du Cabaret" optrieden. Just de René Clesse hat eis d'Freed e bësse verduerwen, well hien am "Lëtzebuerger Land" gemengt hat, all d'Kabaretsensembelen ausser dem Jemp Schuster an dem Jemp Hoscheit hätte besser doheem de Fernseh ze kucken: si wiren net professionell genug.

An dobäi wollte mir jo ni professionell sinn! De Remy schafft bei "Ponts et Chaussées" an ech si Schoulmeeschter, also, firwat sollte mir professionell ginn? Schliisslech hu mir geduecht, et wir och gutt, wann en ettlech Journaliste gingen de Fernseh kucken am Plaz Artikelen ze schreiwen ; an ech hunn dem Clesse säin Artikel an déi Këscht geluegt, déi elo hei nieft mer steet, an an dier ech nunchmol wullen, wann ech u fréier wëll denken.

De Remy huet elo en Haus gebaut, ech hunn och en Haus gebaut; allenzwee hate mir op eemol e ganze Koup Aarbéchten em d'Oueren, an heiansdo wousste mir net, wou eis de Kapp stoe géif. Dacks huet dem Remy säi Saatz: "Mer missten emol nees eng Kéier eppes schreiwen!" mech drun erënnert, datt mir ausser Heiser bauen a Kanner erzéien dach och nach eppes anescht wëlles haten. Heiansdo war ech esou beschäftegt, datt ech emol net méi un de Kabaret geduecht hunn!

"Paack déng Saachen, mir fueren an d'Belsch!" sot de Remy dun enges Daags. Hien hätt näischt Besseres viirschloe kënnen. Dräi Deeg hu mir an engem Appartement op der belscher Côte nëmme geschriwwen a gelaacht. An op eemol war et erem esou wéi fréier: du krus dech net méi gediebelt, well der d'Bauchmuskelen vum ville Laache wéigedoen hunn. Endlech, no 6 Joer Paus, hate mir et gepackt ; mir hate nees e Programm zesummen: "Perpetuum mobile", ëmmer ënnerwee, huet sech mat de Vakanzen a mat dem Reese beschäftegt.

Nëmmen elo hate mir en anere Problem: wie sollt eise Programm spillen ? Op kee Fall wollte mir selwer nach eng Kéier op d'Bühn ; d'Erfahrung hat eis geléiert, datt mir besser hätten, dat aneren ze iwwerloossen. Mam Brauns Jos sénger Ausso am Kapp, datt et méi liicht wir, Leit ze fannen déi spillen, wéi Leit ze fannen déi schreiwen, hu mir eis op d'Sich gemaach, a no villem Hin an Hier hate mir dun endlech eise Grupp zesummen: d'Josée Hoss, d'Michèle Turpel, d'Jacquie Weber, de Pir Alzin an de Raymond Bertemes sollten eis Stécker opféieren. Mir haten deemools déi grouss Chance, fir kënnen am grad nei gegrënnten Nationale Literaturzenter zu Miersch net nëmmen ze prouwen, mee och opzetrieden. Esou een aussergewéinleche Kader huet natiirlech immens zu eiser Motivatioun bäigedroen, esou datt de Programm 1998 "Vernetzt" séier geschriwwe war, gedroe vum Erfolleg, die "Perpetuum mobile" hat. De Grupp huet liicht geännert, an elo stungen Michèle Turpel, Irène Zeimes, Pir Alzin an Raymond Bertemes op der Bühn. Wéi ëmmer huet de Remy sech em d'Luuchte gekëmmert, an ech war fir d'Musék zoustänneg.

Mir waren elo esou gutt um Rullen, datt mir esouguer d'Energie haten, nach een zweete Projet ze realiséieren. De Remy, die schonn ëmmer e grousse Bewonnerer vum Jacques Brel séngem Wierk war, huet fir deem säin 20. Doudesdag eng Rei vu séngen Texter op lëtzebuergesch iwwersat. Et war fir mech dun eng grouss Erausfuerderung, dës Musék fir just eng Gitar an zwou Stëmmen ze arrangéieren. De Claude Haubrich an de Frank Schmit waren d'Sänger an d'Spriecher op dëse fir eis a fir d'Publikum spannende Jacques-Brel-Owender. Mir hunn am Fong wëlles, och op dëser Schinn nach weiderzefueren ; just et feelt am Abléck e bëssen un der Zäit.

1999 war fir den aktuelle "Kabaret Sténkdéier" e ganz wichtegt Joer, well den Tom Kraemer bei de Grupp gestouss ass. Mat him zesumme hu mir d'Produktioun vum Programm "Mythos Fräizäit" gemaach. Am Ufank sollt hie just e puer Texter bäisteieren. Mat der Zäit iewer hu mir geléiert, och elo Texter zu dräi ze schreiwen, esou datt eis Palette, wat díThemen an och de Stil ugeet, ëmmer méi breet ginn ass. Mee net nëmmen als Auteur a Co-Auteur konnt den Tom Kraemer iwwerzeegen, och als Acteur ass hie beim Publikum gutt ukomm, esou datt mir 2000 fir d'alleréischt konnten deeselwechte Grupp wéi dat Joer virdrun presentéieren. "Flexibel", de Programm vum Joer 2000, war dann och bis elo eise gréisste Succès, a mir spiren elo alleguer, datt den Drock méi grouss gëtt.

Dofir menge mir, et wir elo e gudde Moment, fir dëst Buch erauszeginn. Dir fand hei, léif Frënn vum "Kabaret Sténkdéier", eng Auswiel vun Texter aus alle Programmen, déi mir bis elo produzéiert hunn. Villäicht vermësst dir dien een oder aneren, dien de Wee an dëst Buch net fond huet, mee mer konnten se leider net all iwwerhuelen.

Zum Gléck bitt de Lëtzebuerger Alldag genug, wou een de Kapp driwwer rëselt, oder verwonnert iwwerleet, fir eng Logik dran eremzefannen, oder och nëmmen einfach eppes, wou engem d'Schudderen de Réck erof lafen, fir och hautdësdaags nach ganz interessante Kabaret kënnen ze presentéieren. "Mer missten emol nees eng Kéier eppes schreiwen!" Mat dësem Saatz wäert de Remy eis hoffentlech och an diene nächste Joeren nees un d'Schaffe kréien.

Roland Meyer

am Januar 2001