Wien huet net schonn emol eppes versprach, wat en net gehal huet? Et esouguer versprach, obwuel hie ganz sécher wousst, datt hien et guer net hale kéint!
An do denke mer net just un eis Politiker, mee u jiddereen: de Papp, dee sengem Bouf eppes versprécht,d'Fra hirem Mann, den Dokter sengem Patient an heiansdo versprécht een esouguer sech selwer eppes, wat en net anhale kann!
Ganz séier mierke mer ... et huet ee bal grad esou féx eppes versprach, wéi sech verschwat! An op deem Wee rieden sech vill Leit eraus: "Wann ech dat versprach hat, dann hat ech mech verschwat!" Huet deejéinegen sech verschwat oder gelunn? Oder huet een sech verschwat fir ze léien?
Wéi eng Katastrophe géingen iwwert eis erabriechen, wann mer net géinge verspriechen, wat mer duerno net halen? A virun allem, wat fir ee Chaos géing entstoen, wann mer eis Versprieche géingen halen?
Abee, de Kabaret Sténkdéier versprécht Iech heimat héich an helleg, datt Dir Iech net langweilt, an domat hu mir eis mat Sécherheet net verschwat!
|