De Programm 2017:



S T A U !








Am Cube 521 zu Maarnech



8.11.2017 – 20.00 Auer
9.11.2017 – 20.00 Auer
10.11.2017 – 20.00 Auer
11.11.2017 – 20.00 Auer


Am Mierscher Kulturhaus



14.11.2017 – 20.00 Auer
15.11.2017 – 20.00 Auer
16.11.2017 – 20.00 Auer
17.11.2017 – 20.00 Auer
18.11.2017 – 20.00 Auer
19.11.2017 – 17.00 Auer
21.11.2017 – 20.00 Auer
22.11.2017 – 20.00 Auer
23.11.2017 – 20.00 Auer
24.11.2017 – 20.00 Auer


Am Kulturzenter beim Nëssert zu Biergem / Monnerech


30.11.2017 – 20.00 Auer
1.12.2017 – 20.00 Auer
2.12.2017 – 20.00 Auer





Hei kënnt Dir direkt Ticketë bestellen (www.luxembourg-ticket.lu)!
Oder rufft um 47 08 95 1 un...







Kuckt hei e ganze Koup Fotoen aus dem 2017er Programm vum Claude "Sibi" Sibenaler









Texter:


Alain Adams, Roland Meyer

Regie a Musik:


Roland Meyer

Et spillen:


Conny Braquet, Irène Zeimes, Nico Dabé, Gilles Wunsch











Mir sinn et mëttlerweil gewinnt: kilometerlaang Schlaangen, Stoussstaang géint Stoussstaang, Auto widdert Auto, Camion widdert Camion, an dat all Mueren, all Owend, all Dag, all Woch, all Mount, Joer fir Joer...

Stau! Rien ne va plus! Stëllstand! - An dat an engem Land, dat sech Innovatioun op de Fändel geschriwwen huet.

Wat geet do Zäit drop! Liewenszäit! Do staut sech vill Roserei an Onzefriddenheet op eise verstoppte Stroossen.

An an der Politik stauen sech d'Dossieren. Well wann eis Damen an Hären vum Krautmaart an de Wahlkampf zéien, da bleift esou munches leien an an der Chamber gëtt net méi vill geschafft. Elo brécht nees d'Zäit vun den Dëppefester a Generalversammlungen un, vun den eidele Verspriechen, de vollen Drëppeglieser an den einfache Léisungen. Et gëtt sech ënner d'Vollek gemëscht, Populismus hin oder hier.

Mir rëselen de Kapp... a stinn och weider bei guddem Wieder am Stau fir op de Stau, a bei schlechtem Wieder am Stau virun de Radaren an dem Schantge vum Tram.











De Kabaret Sténkdéier am Blog vum Roland Meyer