De Programm 2014: Drôle de guerre

















Am Cube 521 zu Maarnech


7.11.2014 – 20.00 Auer
8.11.2014 – 20.00 Auer
9.11.2014 – 18.00 Auer







Am Kulturzenter beim Nëssert zu Biergem / Monnerech


14.11.2014 – 20.00 Auer
15.11.2014 – 20.00 Auer
16.11.2014 – 17.00 Auer







Am Mierscher Kulturhaus


25.11.2014 – 20.00 Auer
26.11.2014 – 20.00 Auer
27.11.2014 – 20.00 Auer
28.11.2014 – 20.00 Auer
29.11.2014 – 20.00 Auer
30.11.2014 – 17.00 Auer
2.12.2014 – 20.00 Auer
3.12.2014 – 20.00 Auer
4.12.2014 – 20.00 Auer
5.12.2014 – 20.00 Auer

Hei gëtt et d'Ticketën...









Texter:


Alain Adams, Roland Meyer

Regie a Musik:


Roland Meyer

Et spillen:


Conny Braquet, Géraldine Posing, Raymond Bertemes, Nico Dabé









An engem regelrechte Blëtzkrich hat Gambia d'Festung vum CSV-Staat iwwerrannt a mir haten all gemengt, elo endlech ging sech eppes änneren. Mee Quetschen och: dat eenzegt, wat geschidd ass, war datt déi al Kommandeuren sech agebuddelt an iwwerluecht hunn, wéi Oppositioun iwwerhaapt geet, an déi nei konterbond Schwadrull wéi den Ochs virum Bierg stung. – Stëllstand, d'Rou virum Stuerm oder ass d'Loft elo schonn eraus? Drôle de guerre!

Dien ale Premier huet seng Truppen am Stach gelooss an ass wéi esou dacks schonn no Europa desertéiert an dien neie Premier huet d'Angscht virum kolaterale Schued gepaakt: et gëtt net méi aus der Hëft geschoss, auslännesch Mercenären ginn engagéiert fir d'Drecksaarbecht ze maachen an e kloere Schluechtplang existéiert definitiv net.

An dobäi zéien sech ëmmer méi däischter Wolleken iwwert eisem klenge Bommeleeërländchen zesummen... D'Spezialeenheet vum Kabaret Sténkdéier muss elo agräifen!











De Kabaret Sténkdéier am Blog vum Roland Meyer




De Kabaret Sténkdéier op Facebook