Logo

Kabaret « Sténkdéier »

Héichwaasser

De Kabaret Sténkdéier presentéiert a Kollabotatioun mam
Nationale Literaturzenter de Programm 2013:

De 17., 18., 19., 23., 25. an de 26.Oktober 2013
an de 5., 7., 8., 9., 13., 14., 15., 16., 19., 20., 22. an den 23. November 2013
am Keller vun der Maison Servais zu Miersch um 20.00 Auer
an de 27., 28., 29. an 30. November 2013 um 20.00 Auer
an den 1. Dezember 2013 um 17 Auer
am Mierscher Kulturhaus

RESERVATIOUN UM: 47 08 95 - 1
www.luxembourgticket.lu



Aus organisatoresche Grënn si keng Verlängerunge méiglech!
Déi richteg Katastrophentouristen mellen sech also direkt un!






































ET SPILLEN:
Conny Braquet, Géraldine Posing,
Raymond Bertemes, Nico Dabé, Tom Kraemer

TEXTER:
Alain Adams, Tom Kraemer,
Roland Meyer



REGIE A MUSEK:
Roland Meyer



Entrée: 15 Euro - Studenten: 8 Euro



Héichwaasser - eis all steet d’Waasser bis zum Hals, eist nationaalt Draamschëff ass zolitt op Grond gelaf an elo heescht et paddelen fir de Kapp iwwer Waasser ze halen.
E regelrechten Tsunami vu Skandaler ass iwwert eis gefeegt: Bommeleeër-Prozess, SREL-Archiv, Stay behind, Enquete-Kommissioun, Oflauschter-Aueren, Neiwahlen, OPE, Aarbechtslosenzuelen...
De Pegel klëmmt weider an a sengem Trëndel gesi mir de Lëtzebuerger Modell ofsäufen.
Déi éischt Raten hun de Naache scho verlooss an eise Kapitän Juncker schnaapt no Loft a sicht verzweifelt no engem Rettungsreef.
SOS - a wäit a breet keng Arche a Siicht, déi eis rette kéint ?