Logo

Kabaret « Sténkdéier »

Schwaarze Péiter

De Kabaret Sténkdéier presentéiert a Kollabotatioun mam
Nationale Literaturzenter de Programm 2011:

den 13 - 15 - 18 - 19 - 20 - 22 - 26 - 27 - 28 - 29 Oktober 2011
an den 9 - 10 - 11 - 12 - 16 - 17 - 18 - 19 November 2011
am Keller vun der Maison Servais zu Miersch um 20.00 Auer

an den 23 - 24 - 25 - 26 November 2011 um 20.00 Auer
an de 27. November 2011 um 17 Auer
am Mierscher Kulturhaus

RESERVATIOUN UM: 47 08 95 - 1
www.luxembourgticket.lu



Aus organisatoresche Grënn si keng Verlängerunge méiglech! Duefir maacht iech bäi, am XXXL-Tempo!











De Programm 2011 ... a Biller!







De Kabaret Sténkdéier am Blog vum Roland Meyer.
All Dag Neies an Interessantes iwwer de Programm 2011 - "Schwaarze Péiter"...















ET SPILLEN:
Géraldine Posing, Irène Zeimes,
Raymond Bertemes, Nico Dabé, Tom Kraemer

TEXTER:
Tom Kraemer, Remy Kraus,
Roland Meyer



REGIE A MUSEK:
Roland Meyer



Entrée: 15 Euro - Studenten: 8 Euro


D'lescht Joer hate mir gemengt, et ging biergop! Mee Quetschen och, d'Kriiss ass nees do, an dës Kéier zerguddst. Egal ob mer se elo Euro-, Schold- oder Bankekriiss nennen, Kriiss ass Kriiss. A kee Mënsch wäit a breed, dien eng Ahnung huet, wéi et elo soll weider goen. Kee Mënsch, dien engem kënnt soen, wat elo ze maachen ass.
Dat selwecht Bild an der Edukatioun, bei de Krankekeesen, bei de Renten... ëmmer no dem Motto: lee dech nëmme net zur Fënster eraus, soss kënns de emol naass ginn.
Esou stécht een diem aneren de "Schwaarze Péiter" zou, bougéiert net, mécht guer näischt, an hofft, datt een aneren eppes ënnerhëlt.
Mee hate mir dofir d'Politiker gebraucht? Wann alles an der Rei ass, dann huet ee gutt, déck Téin ze späitzen. Wann de Wand iewer méi stiermesch bléisst, dann halen se sech hannerwands...