Logo

Kabaret  Sténkdéier 

Et geet biergop

De Kabaret Sténkdéier presentéiert a Kollabotatioun mam
Nationale Literaturzenter de Programm 2010:

de 14 - 15 - 16 - 20 - 21 - 22 - 23 - 27 - 28 - 29 - 30 Oktober 2010
an den 9 - 12 - 17 - 18 - 19 - 20 November 2010
am Keller vun der Maison Servais zu Miersch um 20.00 Auer


an den 24 - 25 - 26 - 27 November 2010
am Mierscher Kulturhaus um 20.00 Auer

RESERVATIOUN UM: 47 08 95 - 1
www.luxembourgticket.lu



Aus organisatoresche Grënn si keng Verlängerunge méiglech! Duefir maacht iech bäi, am XXXL-Tempo!








De Programm 2010 ...















ET SPILLEN:
Géraldine Posing, Irène Zeimes,
Raymond Bertemes, Nico Dabé, Tom Kraemer

TEXTER:
Tom Kraemer, Remy Kraus,
Roland Meyer



REGIE A MUSEK:
Roland Meyer



Entrée: 15 Euro - Studenten: 5 Euro


Et geet biergop! Nee, wéi schéin! Et ass iewer och Zäit ginn, no der Finanzkris, no der Wirtschafstskris an all eise perséinlechen a private Krisen. Elo ginn d'Äerm eropgestrëppt an et gëtt an d'Hänn gespaut.

Mee dat Biergop ass guer net esou einfach. Do muss een sech ustrengen, do geet engem d'Loft aus. Do geréit een ausser Otem. De Schweess steet engem op der Stier. Et brauch een eng gutt Konditioun!

D'Liewen ass kee Biscuit, et kritt ee näischt geschenkt. D'Loft ass dënn douewen an d'Plaze gezielt. Wien dohinner wëllt muss gutt Schung unhunn an zolitt Ielebéi.