Logo

Kabaret « Sténkdéier »

XXXL - Eng Nummer ze grouss

De Kabaret Sténkdéier presentéiert a Kollabotatioun mam
Nationale Literaturzenter de Programm 2005:

den 21 - 22 - 25 - 26 - 28 - 29 Oktober 2005
an de 9 - 10 - 11 - 12 - 15 - 16 - 17 - 18 - 19 November 2005
am Keller vun der Maison Servais zu Miersch um 20.00 Auer

an den 22 - 23 - 24 - 25 November 2005
am Mierscher Kulturhaus

RESERVATIOUN UM: 47 08 95 - 1
www.luxembourgticket.lu




Aus organisatoresche Grënn si keng Verlängerunge méiglech! Duefir maacht iech bäi, am XXXL-Tempo!


ET SPILLEN:
Michèle Turpel, Pierre Alzin,
Raymond Bertemes, Tom Kraemer

TEXTER:
Tom Kraemer, Remy Kraus,
Roland Meyer



REGIE A MUSEK:
Roland Meyer



Entrée: 12,50 Euro - Studenten: 5 Euro


Ass dat Gréisstewahn?
Jausegkeet?
Si mir geckeg ginn? Si mir duerchgedréint? Hu mir de Buedem ënner de Féiss verluer?
Eis Bauprojeten, vum Staat, de Gemengen, privat: riseg! luxuéis! Reesen: ausgefalen! mat Kick! wäit! deier! Autoen: grouss! déck! séier! decapotabel! klimatiséiert! automatiséiert! Fester, fir all Geleeënheet: groussaarteg! décke Buffet! Lifemusek! Multimedia-Homecinema: riseg Plasmaleinwand! Boxen an all Eck!
Egal wat?
Alles verschléngt XXXL-Zommen! XXXL-Krediter ginn opgeholl! Souguer zu Arel!
Mir brauche kilometerlaang Tunnellen! Déi wäerte mir jo net eng Kéier mussen als XXXL-Prisong benotzen, well d'Gewalt net méi ze zëssen ass, och hei zu Lëtzebuerg, pardon, méi houfreg:
zu

LËTZEBUERG

!