Dun hunn ech op mäi Fiat
geschwuer
Dono gung mir e VW gutt duer
’lo fueren ech mam Mercedes
an d’Kuer
Ech placéiere mäi Geld an
Drëttelen
Sonndes mueres ginn ech net
gär trëppelen
Wëll da leien ech fest am
Bett nach dran
Gescheed sinn ech vu méngem
zweete Mann
Ref. :
Ech liewen hei zu Lëtzebuerg
Mat ganz vill Suen a wéineg
Suerg
Ech préiwe stänneg mäi
Cholesterol
Mee soss spillt näischt eng
ganz grouss Roll
2. Ech genéisse méng Rou a
Sécherheet
A wann et emol méi schlecht
em mech steet
Fueren ech an d’Staadt sou
séier et geet
A kafe mir e schéint neit
Kleed
Ech hu mäi Liewe gutt a fest
am Grëff
Ech rese mam Fliger an och
mam Schëff
Da brauch ech net doriwwer
nozedenken
Datt ech am Fong misst nei
ufänken
Ref. :
Ech liewen hei zu Lëtzebuerg
Mat ganz vill Suen a wéineg
Suerg
Ech préiwe stänneg mäi
Cholesterol
Mee soss spillt näischt eng
ganz grouss Roll
3. Ech gi gär gutt iessen an
dacks eraus
Vill frësch Blumme stellen
ech mir an d’Haus
Da gesäit mäi Liewe direkt
vill besser aus
Méngem Meedche kafen ech eng
Schoklasmaus
Ech liewe mäi Liewen, ech si
voll derbäi
Wëll an e puer Joer ass méng
Jugend verbäi
Soulaang sichen ech nach no
méngem Stéck Gléck
A wa guer näischt méi geet,
bleift mir nach d’Rout Bréck
Ref. :
Ech liewen hei zu Lëtzebuerg
Mat ganz vill Suen a wéineg
Suerg
Ech préiwe stänneg mäi
Cholesterol
Mee soss spillt näischt eng
ganz grous Roll
Ech liewe gär zu Lëtzebuerg
Ech denken heinsdo, wat wir
dat uerg
Wann ech an engem anere Land
Op dës Welt komm wir als e
klengt Kand