Logo

Kabaret « Sténkdéier »

HU MIR DAT NEIDEG ?

De Kabaret Sténkdéier presentéiert a Kollabotatioun mam
Nationale Literaturzenter de Programm 2001:

den 28. an 30. September
an de 4., 5., 6., 7., 11., 13., 14., 18., 19., 20. an 21. Oktober 2001
am Keller vun der Maison Servais zu Miersch um 20.20 Auer



D'Foto vum Dag



Programm ausverkaf - Verlängrungen:
de 25., 26. a 27. Oktober 2001
och elo ausverkaf!
Nach just zwou Verlängrungen:
Mëttwoch, de 17.10. a Mëttwoch, de 24.10.2001



ET SPILLEN:
Michèle Turpel, Irène Zeimes, Pir Alzin,
Raymond Bertemes, Tom Kraemer

TEXTER:
Tom Kraemer, Remy Kraus,
Roland Meyer


REGIE A MUSEK: Roland Meyer


Entrée; 400 Frang oder 10 Euro
Studenten: 200 Frang oder 5 Euro
Reservatioun: CNL: 32 69 55 1
Online Reservatioun


De Programm 2001



Fotoe vun de Prouwen



Fotoe vun der Generalprouw



Pressestëmmen





De Kabaret Sténkdéier stellt sech a séngem Publikum dëst Joer d'Fro, ob mir all esou munnéches wiirklech néideg hunn : Eng gëlle Fra ? nach eng gëlle Fra, schwanger ? eng Kou an, pardon, bei der Chamber ? eng Kou mat Suedel ? an esou weider.

Verschiddenes hu mir néideg, mee mir hunn et net ! Aneres hu mir net néideg, mee mir hunn et !

De Kabaret Sténkdéier versicht a séngem neie Programm, d'Leit iwwer dëse wäitverspreete Sproch nodenken ze loossen. Dien ee behaapt sécher steif a fest : « Sou eppes man ech awer net ! » Dien anere schmunzelt éischter a gëtt zou : « Dat do sinn ech jo ! »

Well kee soll am geringste blesséiert oder schockéiert ginn, suergt den Ensembel Sténkdéier, mat Hëllef vum Publikum, gläich am Ufank derfir, datt alles aus dem Programm gestrach gëtt, wat de Leit net gefällt. Sou soll Kabaret sinn ! Well wie wëllt scho virun de Riichter gerappt ginn, virun d'Mënscherechtskommissioun an zu gudder Lescht an de Prisong ? !

Hu mir dat néideg : den Euro ? den Doping ? 700.000 Awunner ? e Schantgen op Schratt an Tratt ? eng Menüskaart, wou's de näischt drop fir z'iesse fënns ? eng sougenannt Emanzipatioun ? Protestaktioune géint a fir alles ? Konscht a Konschten ? Prostitutioun, mee wou ? eng Arméi mat Schëff a Fliger ? Congéë fir all Geleënheet ? Fusiounen ? Globaliséierung ? Stress ? … ?



Mir soe merci - dëst ass keng Reklam!