Éischt Fotoe vum 2000er Programm:
Mir begréissen hei als éischte Gaascht e Freak, e Baartdréier vun der éischter Stonn, den Jhonny, am Moment -mat finanzieller Ënnerstëtzung vun der europäescher Kommissioun- op Europatournée mam Thema: Mäi Baart fir de Fridden!
Yeah, Baby, déi Geschicht huet e laange Baart. An all Capitaltown vun Europe hunn ech e Putsch Baarthoer fir de Fridden worldwäit geaffert. In all fucking Goldenbook pécht some Putsch for Freedom mam Message: my beart is my castle, peace for all my brothers and sisters.
Historesch gesinn, gehéiert de Baart zum Mann; jidderengem wiisst een! Deenen enge méi, deenen anere manner.